Historique vum SSCK
Den 22. Juni 1969 ass am Café JUNG zu Kayl de Sportschéi’ssclub KAYL vun enger Handvoll Idealisten gegrënnt gin.
Den 11.Oktober 1969 war die iescht Réunion vum fresch gegrënnten SSCK au Café JUNG zu Kayl.
Den 22.November 1969 war d’Assemblée constituante an Präsenz vun 20 Interessenten dobei verschieden Memberen vum STASS.
Den ieschten Comité ass dô constituié’ert gin an zwar wôren dât:
| Präsident | HAAS Michel |
|---|---|
| Vize-Präsident | JUNG Jäng |
| Sekretär | ROLL Fernand |
| Kassierer | JUNGERS Jules |
| Mitglieder | DIEDERICH Francis |
| MASSELTER Jos | |
| WEIS-HAAS Ginette | |
| WEIS Paul |
Den 29.November 1969 ass eng Demande d’affiliation un FLTAS (Fédération Luxembourgeoise de Tir aux Armes Sportives) gemëet gin.
Um 01. Januar 1970 hât den SSCK 14 Memberen.
Den 08. März 1970 gouf dô d’Admission officielle vum SSCK un FLTAS unerkannt.
Am Ufang hun eis Tireuren esou gudd Karabine wie Pistoul geschoss. Die zwée iescht Jo’eren hatte mer eng <ENTENTE> mam STHespérange. Matcher hun die Zäit ob neutralem Terrain stattfond.
Den 16. Abrëll 1972 konnt eis Mannschaft am Pistolet Sport am Championnat hier iescht Victoire gënt Echternach ( 2061 -01886) fei’eren.
Um 01. Januar 1973 hatt den SSCK schon 23 Memberen.
Den 03.März 1973 ass endlech d’Autorisation komm ,vir am lieu-dit « Eweschbour » en Schéi’ssstand ze bauen.
Den 17.März 1973 gouf die iescht Equipe <Pistolet standard en CFE> gegrennt.
Den ieschten Championnat interne gouf den 23. Juni 1973 vum „Pätter“ Jäng JUNG gewonnen.
Endlech war et soweit an den 23. August 1974 konnt Eröffnung vun eisem Stand gefeiert gin. Den ieschte Schoss um Schiessstand vum SSCK gouf vum „Petter“ JUNG geschoss.
Den 17. November 1974 ass eis iescht Lôftéquipe gegrennt gin. Eis Tireuren am der Discipline – Lôftgewiehr- huet sech zesummen mat den Kollegen vun der Douane gedo’en.
1975 huet den SSCK sein ieschten Champion fédéral-Titel an der Discipline Lôftpistoul an dât an der 2e Division gefei’ert.
Den 01. Januar 1976 goufen schon 62 Actif-Memberen gezielt.
1976 huet eis iescht équipe montée an 1.Division esou gudd am pistolet sport wie am pistolet standard gepackt. Eisen Member Ed. LEYERS huet zu Andorra un CEAC dé’el gehôll.
1978 ass den ieschten individuellen Championstitel vir éen vun eisen Memberen an zwar den
KELLER Arnould – Champion fédéral individuel carabine gros calibre brocard.
Och eis Equipe am pistolet standard huet hieren ieschten Championstitel gefei’ert .
An der Euipe wôren: Mil MANDERSCHEID (capitaine) – Romain COLLE-Louis FARNETI-Edy LEYERS-Jempi MARX- Dr. Raymond NANNI- John OBERTO an den Gilbert SCHMIT.
Dât Jo’er gouven och die –cibles automatiques -um 25m Stand an Betrieb gehôl.
Den 01. Januar 1079 huet den SSCK schon 96 Actif-Memberen gezielt.
1980 ass den Bau vum nei’en 50m Stand an Ugreff gehôl gin.
1981 huet eisen Member den Dr. Raymond NANNI zu Athènes um CEAC dé’elgehôl.
1984 konnt eis équipe carabine – Carabine à air 2e division – den ieschten Titel Champion fédéral fei’eren.
1988 ass den 10m Lôftstand mat elektresch Zuganlage versinn gin.
1989 ass den Schiessstand erem vergréi’sert gin. Dobei koum construction vun engem nei’en 25m Stand an vun engem neien 10m Openairstand.
Dat Jo’er waren och schon 190 Actif-Memberen am Verein. Och dat Jo’er huet den SSCK sein 20e Anniversaire gefei’ert.
1991eis eis équipe carabine à air an 1.Division gestiejen.
1994 goufen um 25m Stand die automatesch Scheiwenanlag an Betrieb gehôol.
Den SSCK huet och dô sein 25e Anniversaire gefei’ert. Den ieschten SHOOT&BIKES gouf organisié’ert an et war e grousse succès.
Durch den Zouwues vun Memberen ass décidié’ert gin, e Clubroom ze bauen an dén konnt 1995 ferdeg gestâlt an inaugurié’ert gin.
1996 huet eisen Member den Iris ROSENECK un Olympesch Spieler zu Atlanta déel gehôl.
1ieschten Titel vun Champion national par équipes vun eiser équipe carabine à air, En Titel déen vun Jo’er zu Jo’er konnten verdéidejen.
Dât Jo’er wor och dât erfolejreich seit eiser Grenung mât 6 Titren par équipes an 6 Titren individuel.
1997 eis den neien 10m Stand inaugurié’ert gin.
1999 ass den Cap vun 400 Actif-Memberen dépassié’ert gin.
Dat Jo’er gouf och den 30e Anniversaire gefei’ert. Vun dem Evenement asss nach eng Broschure dô, die hin weisst, wie dât Ganz gefei’ert gouf.

